ART FREAK ARCHIVES
Your Name Here
Eng Jackett, e Rucksack, Turnschung - markéier se mat dengem Numm, engem Tag oder enger Schrëft! In dësem Workshop weist de Graffiti Kënschtler Sumo Dier wéi's de däin eegenen Tag entwéckels.
Paper Infinity
E Blat Pabeier, A4 - kléngt fir dech banal? D'Kënschtlerin Sandra Biwer erfuerscht d'Matière Pabeier als skulpturellt Medium mat Dier.
Social Design
Design ass net nëmmen e Produkt, Design ass virun allem eng Aktioun. Fir den Designer Thomas Pausz ass dës Aktioun kollektiv, engagéiert an e Wee fir sech matzedeelen.
Trailer Reloaded
Nom Succès vum Workshop “Trailer” ronderëm d’Ausstellung Le meilleur des mondes, relancéiert Art Freak den Atelier fir d’Ausstellung Walking through... Mudam Collection. Mam jonken, lëtzebuergesche Réalisateur Thierry Besseling.
Creative Process
Wat ass eng artistesch Démarche? Wat ass Kreatioun? Wéi kënnt e Kënschtler op Iddien? An dësem Workshop kriss du net nëmmen Äntwerten op dës Froen, mä kanns och engem Kënschtler Schrëtt fir Schrëtt nogoen! Mam Kënschler Marco Godinho.
Words to go
De Luc Spada, jonke Schrëftsteller a Slam Poet, huet den Art Freak's an dësem Workshop gehollef, sech an hieren eegene Wierder auszedrécken!
Summer Camp
Während 3 Deeg hunn d'Art Freaks mat den Architekten Yvore Schiltz a Michèle Goerens a mam Designer Christophe de la Fontaine um Entworf an der Realisatioun vu funktionellen a flotte Géigestänn geschafft: fir drop ze setzen, ze leien, oder dran ze wunnen.
Photography
3 Nomëtteger ronderëm d'Fotografie. Dëse Workshop gouf encadréiert vum professionelle Fotograf Misch Feinen.
Designer
Virum Event Design City Luxembourg "Edition 0" by Mudam, 3 Nomëtteger Reflexioun an Aktioun ronderëm den Design.
Trailer
Vum Skript bis bei de Montage hunn d'Art Freaks Trailere fir d'Expo Le meilleur des mondes realiséiert.




Accueil
+352 45 37 85-960
Standard administratif
+352 45 37 85-1
Visites guidées
+352 45 37 85-531
visites@mudam.lu
Mudam Boutique
+352 45 37 85-980
Mudam Café
+352 45 37 85-970
