MUDAM Logo

TEENAGERS

Art Freak. Fir jonk Leit tëscht 12 an 19 Joer

Art Freak ass d'Geleeënheet fir d'Konscht vun haut ze entdecken. Du besichs Ausstellungen, léiers Kënschtler a Leit aus dem Konschtmilieu kennen, méchs mat bei Workshopen a kucks hannert d'Kulisse vum Musée!

Schreif dech an, fir deng gratis Memberskaart geschéckt ze kréien!
artfreak@mudam.lu
t +352 45 37 85 522

© Photo : Mudam Luxembourg, 2009

Art Freak Workshops

D'Art Freak Workshope si Momenter vu Renkonter an Austausch, mä virun allem vu Produktioun. All Workshop gëtt begleet vun engem Médiateur vum Mudam an engem speziellen Invité - Kënschtler oder Professionellen. D'Matmaachen ass gratis. Du brauchs keng Virkenntnisser an och kee Material matzebréngen.

Kalenner vun de nächste Workshope

Art Freak Akademie squat

Du bass op enger Konschtsektioun a wëlls méi wëssen iwwert d’Konschtgeschicht vum 20. Joerhonnert? Déi zäitgenëssesch Konscht an hir Fräiheeten interesséieren dech an du wëlls wëssen, wou dat alles hir kënnt? “Art Freak Akademie squat” invitéiert dech an déi 10 Course vun der Mudam Akademie matzelauschteren. Op Lëtzebuergesch.

Art Freak Studio Invitation

Du wolls schonn ëmmer wësse wéi e Kënschtler oder Designer schafft? Art Freak proposéiert dir dat op der Platz unzekucken! Während dem ganze Joer gi Rendezvous’er mat Kreativen an hiren Ateliere festgesat an du bass invitéiert! Geschwë méi Infoen...

 

Art Freak Resultater

Biller vun de Workshope
• Trailer Reloaded
• Art Freak Archives

© JC Massinon, 2006
 

Mudam Luxembourg
3, Park Dräi Eechelen
L-1499 Luxembourg

info@mudam.lu

Nous trouver

Accueil
+352 45 37 85-960

Standard administratif
+352 45 37 85-1

Visites guidées
+352 45 37 85-531
visites@mudam.lu

Mudam Boutique
+352 45 37 85-980

Mudam Café
+352 45 37 85-970